
Dat well de Chauffer e Foussgänger net iwwert den Zebrasträife gelooss hat.
Wéi d’Beamten de Chauffer doropshi kontrolléiert hunn, huet sech erausgestallt, dass dëse kee valabele Führerschäin hat, an dowéinst och schonn e Protokoll krut. Ausserdeem hat säi Gefier eng Partie technesch Mängel an de Contrôle technique war deementspriechend net an der Rei.
De Chauffer gouf doropshin op Uerder vum Parquet festgeholl a säi Gefier gouf saiséiert.