Credo vun der CSVOuni Schnelltester keng intelligent Ouverture-Strategie

RTL Lëtzebuerg
D'CSV fuerdert 2 gratis Schnelltester pro Woch, pro Persoun.
CSV fuerdert 2 gratis Schnelltester pro Woch
Eng kloer Exit-Strategie an Etappen a Perspektiven fir d'Zäit no der Pandemie - dat fuerdert d'CSV-Fraktioun um Méindeg de Moien.

Eng kloer Exit-Strategie an Etappen a Perspektiven fir d'Zäit no der Pandemie - dat fuerdert d'CSV-Fraktioun um Méindeg de Moien. D'CSV huet net mat Kritik un der Regierung gespuert.

Absënns och an der Educatioun misst d'Politik vun der "Hand- an de Mond" vum Minister Meisch dem passé ugehéieren a souwuel Enseignanten, wéi Elteren a Schüler bräichte Sécherheeten, fir kënnen ze plangen.

Laanscht d'Vaccinatiounen féiert keen aneren Wee, sou d'CSV, déi d'Regierung wëll op deem Punkt an der Chamber interpelléieren. Dofir misst och méi séier, gerecht an effikass geimpft ginn.

An der Chamber soll der CSV no, och driwwer debattéiert ginn, ob et zu méi Fräiheete fir Geimpfter soll kommen oder net. Et kann ee sech virstellen, datt e Mix aus Impfen an Testen kéint zu engem méi soupelen Ëmgang mat de Restriktioune féieren.

Fir zeréck an d'Normalitéit féiert fir d'CSV och kee Wee laanscht d'Aféiere vu séiere Spauttester. Duerfir missten esou Tester lo massiv an op Stock vun der Regierung kaaft ginn.

De Credo vun der CSV heescht: ouni Schnelltester keng intelligent Ouvertures-Strategie.

D'Fraktiouns-Presidentin Martine Hansen: "Mir fuerderen éischtens ee konkrete Plang fir den Asaz vun de Schnelltester an de Selbsttester, fir eben zousätzlech Lockerungen ze erlaben a fir bestoend Lockerunge méi sécher ze man. An dat muss d'Regierung elo transparent mat hiren Experte festleeën. Et ass villes méiglech, et muss just kloer definéiert ginn an dann och organiséiert ginn. Mir fuerderen zweetens e massiivt Akafe vu Schnelltester a Selbsttester. Net datt mer herno erëm eng Kéier esou wäit sinn, an datt op eemol erëm näischt méi ze kréien ass. Mir fuerderen och 2 gratis Schnelltester pro Woch, pro Persoun."

D'Martine Hansen iwwer Schnelltester

Wat d'Zäit no der Pandemie ugeet, ass d'CSV derfir, datt sech wärend enger Orientéierungsdebatt an der Chamber mat der postpandemescher Wirtschaftspolitik ausernee gesat gëtt. De Coronavirus misst duerch d'Impfen zu enger Krankheet ginn, déi maitrisabel ass, sou d'gréisst Fraktioun an der Chamber.

PDF: Pressecommuniqué vun der CSV

Back to Top
CIM LOGO