Och hei bei eis gëtt et déi nächst Deeg iwwer jo ferme waarm, an den nationale Wiederdéngscht huet schonns en Avis erausgi wéinst méiglechen héijen Ozon-Wäerter. Am Laf vum Nomëtteg en Donneschdeg kéint de Seuil vun 160 Mikrogramm pro Kubikmeter Loft schonn iwwerschratt ginn, dat bei Temperaturen tëscht 25 an 31 Grad.
Eeler Leit, oder Persoune mat gesondheetleche Problemer sollte sech dann net ze vill dobaussen ophalen a kierperlech Aktivitéiten evitéieren. E Samschdeg kënnen dann am Grand-Duché bis zu 37 Grad erwaart ginn, e Sonndeg dogéint besteet d’Chance, datt et liicht ofkillt an datt déi eng oder aner Schauer iwwert dem Land erofkënnt.
Temperaturen ëm 40 Grad oder souguer driwwer eraus suerge fir eng extrem héich Bëschbrand-Gefor a Spuenien an a Frankräich. An Zentralspuenien si fir de Weekend bis zu 47 Grad gemellt.