
Zu Ettelbréck beispillsweis huet d’Uelzecht d’côte de préaltere vun 1m80 an der Nuecht op e Freideg schonns erreecht, ass allerdéngs tendenziell an de Moiesstonnen nees um falen. De Parking Däich war gespaart, ass zanter 8 Auer e Freideg de Moien nees op.

Och zu Dikrech ass déi Prealerte-Stuf vu 4m20 vun der Sauer sou gutt wéi depasséiert. Dass d’Peegele vill weider klammen, domadder wier awer net ze rechnen.

-Den CR152B op der Kräizung mat der N10 zu Schengen bis op d'Franséisch Grenz.
-Den CR134 (Esplanade de la Moselle) zu Waasserbëlleg.
-Den CR345 tëscht dem Karelshaff an Colmer Bierg.
D'Héichwaasserzentral vun der Waasserverwaltung hat um Donneschdeg matgedeelt, datt ee preparéiert ass. Déi aktuell Meteoskonditioune géingen op e potentielle Risk fir Héichwaasser hindeiten. D'Lag ronderëm d'Flëss gëtt am A behalen.
Meldung Hochwasservorwarnbereitschaft – Einzugsgebiete Sauer, Alzette, Chiers und Syre
Das Hochwasservorhersagezentrale (HVZ) der Administration de la gestion de l'eau befindet sich in der Vorwarnbereitschaft.
Es besteht die Gefahr von leichten Überschwemmungen, die keinen signifikanten Schäden verursachen, aber besondere Wachsamkeit bei saisonalen und / oder exponierten Aktivitäten erfordern. Aktualisierung bei Änderung der Lage.
Anbei der Hochwasserlagebericht zur aktuellen Lage an den Gewässern.
Aktuelle Pegelstände und Vorhersagen sind der Internetseite www.inondations.lu zu entnehmen.