Gréng Sécherheets- a FriddenspolitikParlament kritt bei Auslandsmissioune méi ze soen

RTL Lëtzebuerg
Bei Decisiounen iwwer Friddensmissiounen a Krisemanagement am Ausland gëtt d'Matsproocherecht vum Parlament gestäerkt, sou déi Gréng en Donneschdeg.
© François Aulner / RTL Télé Lëtzebuerg

Ass d'Reform vum Gesetz iwwer Auslandsmissioune gestëmmt, da ginn all nei Missiounen am Ausland als éischt an der Chamber debattéiert an de Minister muss se all 3 Méint iwwert de Verlaf vun de respektive Missiounen informéieren.

Donieft géing an Zukunft de Fokus op zivil Missioune gesat ginn. Amplaz militäresch z’intervenéieren, wann et quasi ze spéit ass, géing méi preventiv gehandelt ginn, esou déi traditionell pazifistesch Gréng. Et wier keng Vermëschung vu Militär an Zivil, huet d’Stéphanie Empain betount. Déi gréng Deputéiert huet erkläert, datt Zivilmissioune preventiv géint Krise kéinten agesat ginn.

Gréng Sécherheets- a Friddenspolitik

D'Reform vum Gesetz iwwer d'Auslandsmissioune wier och ee kloert Bekenntnis zum Multilateralismus. Den neien Entscheedungsmechanismus géing et erméiglechen, bei séieren Asätz fir d'EU a fir d'Nato bannent e puer Deeg e Kontingent zur Verfügung ze stellen.

Back to Top
CIM LOGO