Gëftmord an der SummervakanzAm Appelsprozess belaaschte sech Ugeklote weider géigesäiteg

Michèle Sinner
Viru knapps engem Joer waren dräi portugisesch Staatsbierger, déi zu Lëtzebuerg wunnen zu liewenslaange Prisong verurteelt ginn, well si 2021 an der Vakanz a Portugal ee véierten ëmbruecht haten.
© RTL

Um Méindeg goung den Appellsprozess un.

All d’Nimm an dësem Reportage vum Michèle Sinner si geännert.

Och an dësem Prozess belaaschte sech déi Ugeklote géigesäiteg a werfen een deem aner vir ze léien. Viru Geriicht stinn d’Ana, hir Mamm Mariana, an de Antonio, deen offiziell der Mariana hire Liewenspartner war an inoffiziell der Ana hiren Amant. Si goufen an éischter Instanz verurteelt, der Ana hiren offizielle Partner Pedro mat engem Insektizid géint de Kartoffelkäfer vergëft ze hunn a bei Figueira da Foz an e Floss gestouss ze hunn.

Virun de Riichter vun der Cour d’appel, sot den Antonio: "Ech sinn net schëlleg, fir dat, wat déi aner gemaach hunn. Ech sinn och net complice."

D’Ana huet erzielt, datt et hir haut am Prisong besser geet ewéi virdrun. Si wier elo net méi kontrolléiert vun hirer Mamm a vum Antonio. Si géing schaffen an an d’Schoul goen. Hir eegen Decisiounen huelen a wann si dobäi e Rot bräicht, géing si hir Affekotin oder hir Psychologin froen. Si wier keng Marionette méi vun deenen aneren. Wa si viru fënnef Joer déi Persoun gewiescht wier, wéi haut, hätt si anescht gehandelt.

Si huet sech bei hire Kanner a bei der Famill vum Pedro entschëllegt. Si huet nach emol erzielt, wat geschitt ass. Hir Mamm hätt hir am Virfeld méi ewéi emol gesot, "wann dat mäi Mann wier, dann hätt ech e scho laang ëmbruecht." Der Ana no war et d’Mariana, déi mat der Cousine d’Gëft kafe war an den Antonio, deen et an d’Glas geschott huet. Si selwer huet d’Glieser op den Dësch gestallt. Hir Mamm huet hir dono gehollef, de Marco aus dem Haus an den Auto bréngen. An och, hien an de Floss ze stoussen.

"Alles, wat d’Ana seet, ass gelunn", sot dozou d’Mamm. "Ech sinn am gaangen, fir e Crime ze bezuelen, deen ech net gemaach hunn" Wéi si gewuer gi wär, wéi de Pedro gestuerwen ass, hätt si sech net getraut eppes ze soen, well den Antonio hir gedreet hätt, hir kleng Enkelin mat fort ze huelen.

Vu datt all Ugekloten aner Versiounen erzielen, ass net objektiv z’etabléieren, wien d’Gëft an d’Glas gemaach huet. Datt et wéineg materiell Preuvë vun der Dot ginn, dorop berifft sech esou wuel d’Defense vun der Mariana, wéi vum Antonio. Fir si ass och net bewisen, datt den Antonio oder d’Mariana hei zu Lëtzebuerg um Mord mat geplangt hunn. Dofir froe si, datt hir Clientë vun der Participatioun un der Association de malfaiteurs fräi gesprach ginn, déi hei zu Lëtzebuerg laang virun der Summervakanz beroden huet, woumat een de Pedro kéint vergëften. Wann et keng Associatioun gouf, respektiv hir Clienten net drun deelgeholl hunn, ass d’Geriicht net kompetent, fir iwwert dat ze jugéieren, wat dono a Portugal geschitt ass.

Der Ana hir Defense freet, datt hir Strof vu liewenslänglech op eng zäitlech begrenzte Prisongsstrof reduzéiert gëtt.

De Prozess geet e Mëttwoch virun.

Back to Top
CIM LOGO