Hënn an der praller SonnParquet freet Geldstrof vu 1.500 € wéinst Déierequälerei

RTL Lëtzebuerg
D'Confirmatioun vum 1. Urteel, d.h. eng Geldstrof vu 1.500 €: Dat huet de Parquet général e Mëttwoch de Mëtten am 2. Prozess ëm eng Déierequälerei gefrot.

Am Dezember zejoert war eng jonk Fra dozou verurteelt ginn, well si am Abrëll 2017 um Parking vun der LuxExpo um Kierchbierg zwee Hënn an enger Camionnette an hire Käfeger an an der praller Sonn stoe gelooss hat, ouni dass d’Hënn genuch ze drénken haten.

Den 11. Dezember gëtt d'Appellsuerteel gesprach.

Back to Top
CIM LOGO