Gemauschels ëm de Beki?Parteipolitesch Interesse solle beim Aus eng Roll gespillt hunn

Marc Hoscheid
Déi regional Wärung war zanter hirer Aféierung net onëmstridden, ma datt se vum Kanton Réiden net méi gedroe gëtt, kéint net just rational Grënn hunn.

Enn Oktober hat de Comité vum Gemengesyndikat “Kanton Réiden” majoritär entscheet, datt een déi regional Wärung Beki no ronn 11 Joer net weider finanziell ënnerstëtze wäert. Hannert de Kulissen ass ze héieren, datt, anescht wéi offiziell no baussen deklaréiert, Parteipolitik bei där Decisioun eng net onwesentlech Roll gespillt soll hunn.

Gemauschels ëm de Beki?: Gouf et parteipolitesch Interesse beim Aus?

De Kanton Réiden besteet aus néng Gemengen. Mat Rammerech a Réiden funktionéieren der just zwou nom Proporzsystem. Ma net manner wéi aacht vun de Buergermeeschteren hunn awer eng Parteikaart. Wärend déi meescht sech drop behaapten, datt Parteipolitik an der regionaler Zesummenaarbecht keng Roll spillt, ass deelweis duerchaus ze héieren, datt dee Volet haut méi eng wichteg Roll spillt wéi fréier. Datt den Nee zur Verlängerung vun der Konventioun mat der Asbl “De Kär” parteipolitesch motivéiert gewiescht kéint sinn, mengt dee Grénge Buergermeeschter vu Biekerech a President vum Kanton Réiden, Thierry Lagoda, dee gären um Beki festgehalen hätt, iwwerdeems net.

“Där Meenung sinn ech lo net. Bedéngt doduerch, datt mer och am Oktober de Bureau nei constituéiert haten, wou ech am Fong als President nach eng Kéier confirméiert gi sinn, an dat unanime. Ech muss och soen, datt d’Stäerkt vun eisem Syndikat, vum Kanton Réiden, ëmmer doranner loung, datt Parteipolitik am Fong keng Roll gespillt huet.”

Datt den Thierry Lagoda unanime als President confirméiert gouf, kéint och dorunner leien, datt hie kee Géigekandidat hat. Mat esou engem hätt hien awer och kee Problem gehat, ganz au Contraire.

“Och wann dat de Fall wier, fannen ech dat net schlëmm, well mir sinn als Syndikat vum Kanton Réiden ee ganz attraktiivt an interessant Syndikat. An datt sech do méi Leit fir de Poste vum President kéinten interesséieren, fannen ech esouguer éischter positiv.”

Dobäi soll eng Géigekandidatur geplangt gewiescht sinn. Déi véier CSV-Buergermeeschtere vun Ell, dem Préizerdaul, Rammerech a Réiden sollen de Buergermeeschter vu Saeul, Gérard Zoller, gefrot hunn, säin Hutt an de Rank ze werfen. De Gérard Zoller hat selwer eng CSV-Parteikaart, déi en awer ofginn huet, wéi e Buergermeeschter gouf. Ma hien huet dat awer refuséiert, well den Thierry Lagoda eng gutt Aarbecht leeschte géing. Anscheinend soll hie vis-à-vis vu Membere vun der Asbl “De Kär” awer duerchblécke gelooss hunn, datt d’Konventioun wuel verlängert gi wier, wann hien de Poste kritt hätt. An der Comitéssëtzung war virun allem kritiséiert ginn, datt de Beki sech finanziell nach ëmmer net selwer dréit.

Back to Top
CIM LOGO