
D’Patientevertriedung ass gebieden dee Formulaire zeréck ze zéien, an d’Leit un den nationale Systeem ze guidéieren. Esou steet et an der Äntwert vun der Gesondheetsministesch op eng parlamentaresch fro vun der DP.
D’Patientevertriedung hat d’lescht Woch en Online-Formulaire agefouert, wou Leit, déi Niewewierkungen duerch eng Corona-Impfung haten, dës kënnen aschreiwen.
Dat wier eng unilateral Initiativ gewiescht, déi net mat der Santé ofgeschwat war, schreift d’Gesondheetsministesch, déi sech och net erfreet iwwert déi Demarche seet. Et géif och un enger legaler Basis fir esou eng Datebank feelen, déi d’Patientevertriedung deen Ament géif beienee kréien.
D’lescht Woch hätt et eng Entrevue ginn tëscht der Patientevertriedung, der Divisioun vun der «pharmacie et médicaments», an dem Santé-Direkter, wou ausgemeet gi wier, dass een zesumme wéilt schaffen, fir den nationale System an deem Sënn ze verbesseren.
Um Site vun der Patientevertriedung ass dee Formulaire awer um Dënschdeg de Moien nach ëmmer accessibel.