"Sech derfir asetzen, datt aus der ekonomescher Kris, keng sozial Kris gëtt." Den LCGB wëll bannen den nächste Méint op déi wuessend Inegalitéiten am Land reagéieren.
A senger Ried huet den neien an alen LCGB-President konkret Mesurë gefuerdert, fir d'Kafkraaft ze stäerken. De Mindestloun misst reegelméisseg ugepasst ginn an iwwert d'Aarmutsgrenz gehuewe ginn. Leit, déi wéineg oder mëttel verdéngen, misste steierlech entlaascht ginn, d'Familljeprestatioune misste komplett indexéiert ginn an d'Kannergeld ëm op d’mannst 20€ pro Kand gehuewe ginn.
De Patrick Dury huet och eng nei Approche beim Chômage gefuerdert, an Zesummenaarbecht tëscht den Employeuren an der Adem misste Strukture geschaaft ginn, fir d'Leit ënner anerem mat Formatiounen um 1. Aarbechtsmaart ze halen. Fir Leit mat gesondheetleche Problemer misst d'Prioritéit op intern Reklassementer gesat ginn. Wann iwwerdeems eng krank Persoun no 2 Joer keng nei Plaz fënnt, misst se automatesch an d'Invaliderent kommen. D'Limitt vum Krankeschäin op 78 Woche gehéiert an den Ae vun der Gewerkschaft iwwerdeems ofgeschaaft.
Am Kader vun der Digitaliséierung wiere Formatiounen an d'Recht op Ofschalten dréngend néideg an d'Privatsphär an den Dateschutz vun de Salariéë misste garantéiert bleiwen.
"Sollten déi duerch Digitalisatioun annoncéiert massiv Produktivitéitsverbesserunge Realitéit ginn, fuerdert den LCGB, eng allgemeng Aarbechtszäitverkierzung."
Weider fuerdert den LCGB ënnert anerem, datt méi einfach ka gestreikt ginn an datt all Awunner am Land d'Walrecht kritt.
Eng Lanz huet den LCGB-President fir de Sozialdialog gebrach. Sief et direkt an den Entreprisen, wa Kollektivverträg verhandelt ginn oder am Kader vun der Tripartite.
"Ech wëll dofir d'Lëtzebuerger Patronat onmëssverständlech warnen, well all Attack op d'Tripartite, op eise Sozialmodell, op den Index, stellt direkt de soziale Fridden hei am Land a Fro", sou de Patrick Dury.
Den LCGB fuerdert, datt d'Streikprozedure vereinfacht ginn an de Warnstreik erméiglecht gëtt. D'Patronat géif ëmmer erëm mengen, sech kënne kompromësslos hannert den aktuelle Conciliatiounsprozeduren ze verstoppen.
