BausecteurPatronat wëll sektoriell Mesuren, OGBL dogéint, LCGB seet "keen Tabu"

RTL Lëtzebuerg
D'Patronat an den LCGB fuerderen eng sektoriell Tripartite fir de Bausecteur. Doriwwer si si sech en Donneschdeg ens ginn.
Patronat wëll sektoriell Mesuren, OGBL dogéint, LCGB seet "keen Tabu"
D’Patronat an den LCGB fuerderen eng sektoriell Tripartite fir de Bausecteur. Doriwwer si si sech en Donneschdeg ens ginn.

Op Initiativ vum Groupement des entrepreneurs a vun der Federatioun vun de Bauentreprisë waren hir Vertrieder mat deene vum LCGB, mee awer och vum OGBL, an der Chambre de Commerce den Donneschdeg de Mëtten zesummen. Zil vun der Reunioun war et, Weeër ze fannen, fir Entloossungen am Bausecteur ze verhënneren. All ware sech eens, datt alles misst gemaach ginn, fir d’Aarbechtsplazen ze schützen, iwwert d’Aart a Weis awer net.

Sou war den OGBL no der Reunioun – am Géigesaz zum LCGB - net averstane mat der Propos vum Patronat, wat e Plang fir den Erhalt vun den Aarbechtsplaze fir de ganze Secteur ugeet: der Gewerkschaft no géing et ze vill Ënnerscheeder tëscht de verschiddene Betriber am Secteur ginn. Et misst ee Betrib fir Betrib déi bescht Solutioune sichen, déi zwar e “Plan de maintien” kéinte sinn, mee et géing och Alternative ginn. Zum Beispill d’Formatioun, den zäitlech limitéierte Prêt vu Main d’oeuvre ënnert de Betriber oder nach de Chômage partiel. An enger anerer rezenter Reunioun mat den LSAP-Ministeren Engel a Fayot wier ee sech doriwwer eens ginn, sou den OGBL.

Ferm dogéint ass den OGBL da mat der Propos (och vun der CSV), fir steierlech Virdeeler fir Investisseuren an de Locatif nees anzeféieren oder eropzefueren, well esou eleng d’Margë vun de Promoteure géingen eropgedréckt ginn. Aner Mesuren, déi de Leit hëllefen, hir éischt Wunneng ze kafen, hätten e méi groussen Effet op d’Logementskris a géing – dem OGBL no – d’Aktivitéit am Secteur redynamiséieren.

Back to Top
CIM LOGO