
Fir datt et erëm biergop soll goen, fuerderen d’Union des entreprises luxembourgeoises an d’Handelskammer, déi nächst Regierung soll d’Steiere fir d’Betriber erofsetzen.
De Carlo Thelen, Direkter vun der Chambre de Commerce, seet, d’Vertrauen an de Betriber wier niddreg, besonnesch méi kleng Firme wieren duerch d’Covid-Kris, steigend Präisser an d’Indextranchen, déi se hirem Personal wéinst der Inflatioun musse bezuelen, gerëselt. Vill vun hinne géife soen: “Datt den Index zum Beispill, duerch dee Fakt, datt se lo manner kënnen investéieren, respektiv Investitiounen zréckstellen an och manner kënnen astellen.”
Als Solutioun proposéieren d’Patronsvertrieder, d’Steieren op de Beneficer fir d’Betriber erofzesetzen, vun engem Taux vun aktuell 25 op 21 Prozent.
“Mir wëssen och, datt dat net vun haut op muer geet. Mee do misst ee sech als nei Regierung eng Feuille de route ginn, fir op deen Taux ze kommen, fir datt mer erëm attraktiv bleiwen.”
De Carlo Thelen versteet awer och, datt een d’Demande fir d’Steiere fir d’Privatleit muss erofzesetzen, well de Barème laang net un d’Inflatioun ugepasst gouf.
Hie stellt awer fest, datt d’Regierung mat hire Mesuren d’Kafkraaft vun de Stéit gestäerkt hätt: “Wat gutt ass fir eis Wirtschaft, och fir d’Cohesion sociale. Ausser natierlech de Pouvoir d’achat logement. Dat ass eng Katastroph.”
Ma d’Chambre de Commerce plädéiert elo dofir, Mesuren en Faveur vun de Betriber, déi produzéieren, ze huelen. Net fir generell Steiererliichterungen fir d’Stéit.
“Wann een do deenen, déi ganz vill verdéngen, och nach Sue bäigëtt, ma déi Suen, déi landen normalerweis net am Lëtzebuerger PIB. Déi landen am Ausland an enger Vakanzendestinatioun oder en Auto, deen net hei produzéiert gëtt. Oder an anere Saachen an do ass eben den Effet multiplicateur ganz schwaach an enger klenger oppener Wirtschaft.”
Iwwert d’Steigerung vun der Consommatioun géif et ze vill Fuitten an d’Ausland ginn. Dofir misst een d’Exportindustrie stäerken. Net just steierlech, mee och andeems een dofir géing suergen, datt se Plaz an Industriezonen hätten.