Beispillsweis zu Steesel mat 3,50 Meter, wou 90 Zentimeter normal sinn, oder zu Miersch mat iwwer 4 Meter, wou och e knappe Meter normal ass.
Och d’Kor zu Péiteng stoung an der Nuecht op e Méindeg mat bal 1,90 Meter, annerhallwe Meter iwwert Normalhéicht. Zanter de fréie Moiesstonne sinn d’Peegelen awer op de meeschte Plazen nees um Falen. Och op der Ënner-Sauer dierften d’Peaken am Laf vum Méindeg de Moien erreecht ginn, an net ze héich ausfalen. Wéi d’Waasserwirtschaftsamt um Méindeg de Moien an engem Communiqué matdeelt, géif de Peegel zu Ettelbréck nach liicht klammen. Géint 10 Auer gouf och do den Héichpunkt erreechen. Spéitstens géint Mëtteg dierften all d’Peegelen nees falen.
Den CR154 tëscht Alzeng a Siren ass wéinst Iwwerschwemmung bis op Weideres gespaart. Gespaart ass och de Parking Däich zu Ettelbréck.
TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?