Op HellegowendPermis fort, nodeems de Chauffer zu Esch an ee Luuchtepotto gerannt ass

RTL Lëtzebuerg
D'Police war op Hellegowend eemol zu Esch gefuerdert. Spéit um Hellegowend war en Auto an e Luuchtepotto gerannt.

Blesséiert gouf keen, ma de Chauffer hat ze déif an d'Glas gekuckt. De Permis war fort.

Da mellt den 113 nach en Abroch an en Haus zu Diddeleng. Dat war awer schonn um Dënschdeg den Owend.

Wéi ee säin Doheem virun allem elo iwwer d'Feierdeeg géint Abréch protegéieren kann, dat kann een op der Homepage vun der Police noliesen.

Back to Top
CIM LOGO