
Wéi d’Police mellt, hat den Automobilist d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer, wéi dësen an d’Suessemer Strooss ofbéie wollt. Dobäi ass hie mat sengem Won géint en Auto gerannt, dee grad op der Rue d’Esch a Richtung Nidderkäerjeng ënnerwee war. Duerch d’Kollisioun huet d’Gefier vum accidentéierte Chauffer sech iwwerschloen an ass um Daach gelant. Den Automobilist, dee beim Accident ageklemmt gouf, huet vun de Rettungsdéngschter misse befreit ginn a koum mat liichte Blessure fir eng Kontroll an d’Spidol. Well den Alkoholtest vum Chauffer positiv war, huet hien de Permis missen ofginn.
De CGDIS mellt dann nach 2 Blesséierter bei 2 Accidenter en Dënschdeg den Owend an ee Blesséierten um Mëttwoch Moien. Géint 19 Auer en Dënschdeg gouf zu Esch um Boulevard Grand-Duchesse Charlotte eng Persoun ugestouss a blesséiert. Tëscht Duelem an Héiweng koum et géint 19.45 Auer zu engem Accident, bei deem och eng Persoun verwonnt gouf.
E Mëttwoch de Moie gouf géint 7.45 Auer eng weider Persoun zu Esch ugestouss a blesséiert. Dës Kéier an der Rue Henri Koch. Op der Plaz am Asaz waren d’Rettungsdéngschter vun Esch.
Géint 16.15 Auer e Mëttwoch den Owend hat sech um CR112 tëscht Tënten a Bruch en Auto iwwerschloen. Hei goufen zwou Persoune blesséiert. D’Rettungsdéngschter vun Tënten a Béigen waren op der Plaz.