Lëtzebuerg-CentsPersoun gëtt liewensgeféierlech bei Aarbechtsaccident op Chantier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg am Nomëtteg géint 16.20 Auer koum et an der Rue Cents an der Stad zu dësem uergen Accident.
© Domingos Oliveira

En Aarbechter ass hei op engem Chantier op der Haaptstrooss vun enger Stee 10 Meter an d’Déift gefall an huet sech dobäi liewensgeféierlech blesséiert. D’Affer gouf op der Plaz behandelt a koum du fir weider Behandlungen an d’Spidol.
D’Police huet op Uerder vum Parquet eng Enquête opgemaach an d’Gewerbeinspektioun ITM huet d’Baustell zougemaach.

© Domingos Oliveira

Back to Top
CIM LOGO