
Géint 6.30 Auer e Sonndeg de Moie gouf d’Police op d’Plaz geruff. Déi blesséiert Persoun huet misste fir weider Behandlungen an d’Spidol transportéiert ginn. Well et zu Herborn e Fest, respektiv en Evenement gouf, also net wäit ewech vun der Plaz, wou sech dat Ganzt ofgespillt huet, erhofft een sech eventuell Zeien, déi méi genee Detailer iwwert d’Dot hunn.
Persounen, déi heizou Informatiounen hunn, solle sech bei der Police vun Iechternach ënnert der Nummer (+352) 244 72 1000 oder iwwer Mail (police.echternach@police.etat.lu)mellen.
Am spéide Sonndeg Nomëtteg dann gouf a Mann op der Gare zu Esch opfälleg. Bei enger Bushaltestell soll hien dunn eng Persoun, déi op de Bus gewaart huet, menacéiert hunn, an dem Affer den Handy aus dem Grapp gerappt hunn.
Policebeamten, déi op den Déifstall opmierksam goufen, konnten den Täter, dee flüchte wollt, direkt unhalen an op Uerder vum Parquet festhuelen. Hie koum e Méindeg de Mueren virun den Untersuchungsriichter.