
An der Areler Strooss zu Stengefort krut um kuerz virun 11 Auer e Camion e Foussgänger ze paken. Eng Persoun gouf hei blesséiert.
Zu enger klenger Explosioun (op däitsch "Verpuffung) koum et da géint Mëtteg an engem Atelier an der rue Belval zu Esch. Och hei mellt den 112 eng blesséiert Persoun.
Um kuerz virun 3 Auer krute sech 2 Automobiliste mat hire Gefierer ze paken, dat bei der Sortie Bieren a Richtung Mensder. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.
Blesséiert gouf en Automobilist, wéi dësen an der rue Mersch an der Fiels mat sengem Auto an eng Heck gaangen ass. Geschitt ass den Accident dem 112 no um hallwer 4 en Donneschdeg de Mëtteg.