ZeienopruffPersoun gouf an der Stad vu Fra geschloen - Passant kuckt no a gräift net an

RTL Lëtzebuerg
De 16. Dezember koum et an der Rue du Commerce zu enger Kierperverletzung. D'Police sicht an deem Zesummenhang elo no Zeien.

An de fréie Moiesstonnen huet eng Fra de 16. Dezember 2021 eng aner Persoun geschloen. E Mann huet de Virfall beobacht, awer net agegraff. Wien eppes gesinn huet, soll sech bei der Police mellen.

Wéi d’Police schreift, géing et sech bei der Ugräiferin ëm eng Fra mat südlänneschen Originnen handelen. Si huet brong Hoer an ass ongeféier 1,60 Meter grouss.

Informatioune si fir d’Police ënnert der Nummer (+352) 244 40 1400 oder via Mail op Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO