Zu FréisengPersoun gouf iwwerfall, jugendlech Täter konnte spéider gepëtzt ginn

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg am Nomëtteg krut eng Persoun seng Schong a säi Basketball vun zwee Jugendleche geklaut, déi d'Affer mat engem Messer menacéiert hunn.

D’Police konnt d’Täter kuerz drop ermëttelen an d’Messer gouf séchergestallt. D’Affer krut seng Saachen nach den Dag selwer zeréck. D’Täter goufe protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO