
Zwee Onbekannter hunn hir eng gëlle Kette geklaut. Déi zwee hu sech dunn Direktioun Rue Bender duerch d'Bascht gemaach. Eventuell Zeie si fir d'Police vu Capellen/Stengefort.
An der Stad op der Stäreplaz gouf et dann nach e weidere Virfall an engem Bus. E Mann, deen am Bus souz a sech donieft beholl huet an dobäi och nach keng Mask unhat, gouf vum Buschauffer konfrontéiert. Doropshin huet de Mann de Chauffer attackéiert an ass spéiderhin a Richtung Rollengergronn fortgelaf.