CGDISPersoun gouf um Houwald vun Auto ugestouss

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt eng ganz Partie Accidenter.

Ënner anerem gouf um Houwald am Rangwee gëscht Owend kuerz virun 6 eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert. Op der Areler Strooss sinn kuerz virdrunner e Motocyclist an een Auto aneneen gerannt. Och do mellen d’Rettungsdéngschter 1 Blesséierten. A géint 20 op 8 ass tëscht Guedber an Hiefenech een Auto an de Gruef gaangen. Do gouf eng Persoun blesséiert.

Och op eisen Autobunnen goufen et eng Rei Accidenter. Am Feierowendtraffic ass op der A6 op der Héicht vun Stengefort een Auto an d’Leitplanken gaangen. 1 Persoun gouf blesséiert. An géint 20 vir 2 hënt sinn nach eemol op der A6 op der Héicht vu Stengefort 2 Autoen aneneen gerannt. Och do gouf et 1 Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO