
D’Passagéier am Fliger mat der Fluchnummer LG8851 hunn um fréieren Donneschdeg de Moien net schlecht gestaunt, wéi e Passagéier vu Poliziste nees aus dem Fliger gefouert gouf. Aenzeien no wier de Mann un Hänn a Been ugestréckt gewiescht an d’Polizisten hätten d’Situatioun gutt am Grëff gehat. Et wier alles zimmlech séier gaangen.
Op Nofro hin hätt et vun enger Stewardess geheescht, datt dëst keng Übung gewiescht wier. De Mann sollt rapatriéiert ginn, ma hien hätt sech am Fliger sou onméiglech beholl, dass hien nees aus der Maschinn geholl gi wier. Dat huet d’Police RTL géintiwwer confirméiert.