Meurthe-et-Moselle (F)Persoun keeft 38 Kilo Tubak zu Lëtzebuerg a gëtt bei Toul erwëscht

RTL Lëtzebuerg
Bei enger Kontroll op der A31 dëse Weekend gouf bei enger Persoun, déi a Frankräich ënnerwee war, vill ze vill Tubak aus Lëtzebuerg fonnt.
© Twitter / Gendarmerie de la Meurthe-et-Moselle

Wéi et op Twitter vun der Gendarmerie vu Meurthe-et-Moselle a Frankräich heescht, ass den Tubak am Wäert vu 4.600€ zu Lëtzebuerg kaaft ginn.

Domadder gouf kloer déi gesetzlech Limitt net agehalen, d’Persoun krut eng Convocatioun fir op d’Geriicht an déi 38 Kilo Tubak goufe saiséiert, fir zerstéiert ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO