
Wéi sech erausgestallt huet, gouf d’Affer mat engem Messer gepickt. De Blesséierte koum mat enger Ambulanz an d’Klinik a misst operéiert ginn.
Nach op der Plaz konnten d’Beamten ee Verdächtege festhuelen. Hie war staark alkoholiséiert a gouf immobiliséiert. Bei hirer Kontroll huet d’Police ee Messer fonnt, un deem nach Bluttspuere waren. D’Messer gouf saiséiert. Op Uerder vum Parquet gouf Plainte géint de Verdächtege gemaach.