
E Chauffer hat hei, aus bis ewell nach ongekläerter Ursaach, d’Kontroll iwwert säin Auto verluer a war mat dësem frontal an e Bam gerannt. Hie gouf fir eng Kontroll an d’Spidol bruecht. Wéi aus dem Bulletin vum CGDIS ervirgeet, gouf si net blesséiert.
Zu engem méi brenzelegen Tëschefall war et da géint 9.35 Auer op der Stater Gare komm. Hei war eng Persoun op d’Zuchgleise gefall. Den Zuch konnt glécklecherweis nach rechtzäiteg bremsen. Déi betraffe Persoun koum mat liichte Blessuren an d’Spidol, wéi d’Police preziséiert. Den Asazzenter aus der Stad an de Samu vun Esch waren op der Plaz.
Iwwerdeems hat et géint 21 Auer en Dënschdeg den Owend zu Zéisseng an engem Keller gebrannt. De Rettungsdéngscht aus der Stad war op der Plaz. Et gouf keng Blesséierter.