Bei ÉilerengPersoun soll um Méindeg den Owend op Auto geschoss hunn

RTL Lëtzebuerg
An de soziale Medien mécht eng Foto den Tour, op där en "Aschosslach" op engem Auto gewise gëtt. Geschitt wier dëst e Méindeg den Owend géint 22 Auer.
© Marianne Catherine Termont

Eng Foto vun enger Téitsch mécht den Tour op Facebook. Et gesäit dono aus, wéi wann hei een op den Auto geschoss hätt. Op der Monnerecher Strooss, op der Héicht vum Bauerenhaff, wier dëst geschitt, esou schreift d'Fra an de soziale Medien. Si sicht no Zeien, déi eventuell eppes héieren oder gesinn hunn.

Op Nofro hin, huet d'Police confirméiert, datt si en Tëschefall gemellt kruten an datt eng Plainte gemaach gouf. Op elo Schëss gefall sinn oder wat genau geschitt ass, kann een aktuell net soen. D'Ermëttlunge lafen.

Back to Top
CIM LOGO