
Kuerz virun 12 Auer hat et um CR181 tëscht Stroossen an dem Briddel tëscht zwee Autoe geknuppt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun de Rettungsekippen aus der Stad an de Pompjeeë vu Bartreng a Mamer versuergt.
Op der Wemperhaart koum et kuerz no 13 Auer zu enger Kollisioun tëscht 3 Camionen op der Haart. Och hei gouf et ee Blesséierten. Op der Plaz waren d’Ambulancieren vu Clierf, d’Pompjeeë vu Wäiswampech an Ëlwen an de Samu-Helikopter.
Op der N26 tëscht Béiwen an Noutem war géint 13.50 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn. D’Ambulanciere vu Wolz, d’Pompjeeë vum CIS Lac an de Samu-Noutdokter vun Ettelbréck.