EschPersoun vu 6 Onbekannten iwwerfall, Abréch zu Waarken a Märel

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch gouf zu Esch op der Place de l'Hôtel eng Persoun beim Verloosse vun enger Bank vu 6 Persounen iwwerfall.

D’Affer gouf vun den Täter menacéiert an opgefuerdert, hinne säi Geld ze ginn. Wéi si kritt haten, wat se wollten, hu si sech duerch d’Bascht gemaach. Eng Enquête gouf lancéiert.

E Mëttwoch den Owend an an der Nuecht op en Donneschdeg gouf et zu Waarken an zu Märel jeeweils een Abroch. Och hei gëtt enquêtéiert.

Back to Top
CIM LOGO