
Si gouf op der Plaz medezinesch versuergt an duerno an d’Spidol transportéiert. D’Police hat eng Enquête an d’Weeër geleet a konnt dee presuméierten Auteur vum Schoss ermëttelen. Dëse gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter. Dësen huet en Haftbefeel verhaangen.
Weiderhi krut d’Police e Sonndeg um Mëtternuecht gemellt, dass 3 maskéiert Persounen no engem Abroch an en Akafszenter um Kierchbierg op der Flucht wieren. Am Kader vun enger Enquête, war der Police e verdächtegen Auto op der Héicht vum Gaasperecher Kräiz op der A1 opgefall.
Wéi de Chauffer vum Auto, d’Poliziste gesinn hat, hat hien den Auto gestoppt a war zu Fouss an de Bësch nieft der Autobunn geflücht. Eng Partie Beamten an en Hondsmeeschter haten de Bësch doropshin duerchsicht a konnten de Mann no kuerzer Zäit stellen. Dëse gouf op Uerder vum Parquet festgeholl. Hie koum e Méindeg virun den Untersuchungsriichter, deen en Haftbefeel verhaangen huet. Am Auto konnten iwwerdeems eng Partie geklaute Géigestänn séchergestallt ginn.