
Géint 12.40 Auer gouf et op der N5 an Direktioun Helfent eng Kollisioun tëscht 2 Gefierer. Hei gouf eng Persoun verwonnt.
3 liicht Blesséierter bei 2 Accidenter um Méindeg den Owend
Bei engem Accident op der A13 sinn e Méindeg géint 20.50 Auer 2 Persoune liicht blesséiert ginn.
Geschitt ass den Accident tëscht 2 Autoen tëscht Lankelz a Lalleng. D’Pompjeeë vun Esch a Monnerech waren op der Plaz, grad ewéi déi Escher Ambulanz.
Ee liicht Blesséierte gouf et dann nach bei engem Accident géint 23 Auer tëscht Boukels an Housen. De Chauffer war mat sengem Gefier vun der Strooss ofkomm an ass an engem Feld gelant. Den Alkoholtest war positiv an de Führerschäin gouf agezunn.
D’Pompjeeë vun Housen a Kiischpelt waren op der Plaz.
En Dënschdeg de Moien dann huet et géint 10.20 Auer zu Bieles an der Rue de la Poste gerabbelt. Hei waren 2 Autoen net laanschtenee komm. 1 Persoun gouf verwonnt. Pompjeeën an Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz.