
De Virfall war géint 2.30 Auer an de fréie Stonne vum Sonndeg. Déi blesséiert Persoun gouf an d’Spidol bruecht. D’Sich nom dem oder den Täter ass allerdéngs ouni Resultat bliwwen.
D’Police sicht elo no Zeien. Wien Informatiounen du der Dot, de méiglechen Täter oder sos Observatioune gemaach huet, soll sech um Policebüro Dikrech/Veianen ënnert der Nummer (+352)244801000 oder per Mail (police.diekirchvianden@police.etat.lu) mellen.
Een Abroch gouf et dann e Samschdeg den Owend géint 20 Auer an der Stad. En onbekannten Täter hat eng Fënster hannert engem Haus an der Côte d’Eich opgebrach an ass esou era komm. Den Abriecher huet d’Wunneng op d’Kopp gestallt an ass du geflücht. D’Police huet d’Ermëttlungen opgeholl. Am Nomëtteg war an der Stad iwwerdeems zwee presuméierten Déiwe festgeholl ginn, deen an een Akafszenter an der Groussgaass eng Rei Kleeder geklaut sollen hunn. Am Kader vun den Ermëttlungen huet d’Police si nach mat weideren Doten an engem Abroch a Verbindung bruecht. Weider Wäertgéigestänn konnte saiséiert ginn. Ee vun de Verdächtegen hat iwwerdeems och Haschisch an e Messer bei sech. Déi zwee goufen e Sonndeg de Moien dem Untersuchungsriichter virgestallt.