CGDISPersoun zu Uewerkuer vun Auto ugestouss ginn

RTL Lëtzebuerg
Donieft gouf et e Samschdeg am Laf vum Dag bei zwee weideren Accidenter 3 Blesséierter.
© Archiv

An der Rue de Belvaux zu Uewerkuer gouf e Samschdeg géint 15.40 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert.

Kuerz virun 12 Auer war bei der Place Edmond Zinnen zu Zolwer een Auto an ee Bam gerannt. Eng Persoun gouf hei blesséiert. Gutt 2 Stonne méi spéit gouf et e weideren Accident zu Zolwer. An der Rue Aessen hate sech zwee Autoen ze pake kritt. De Bilan waren zwee Blesséierter.

Back to Top
CIM LOGO