Zeienopruff no Abroch zu MunnerefPersoune klaue Wäertgéigestänn aus Auto beim Casino

RTL Lëtzebuerg
D'Police mécht en Zeienopruff wéinst engem Auto, an dee virun engem Mount zu Munneref agebrach gouf.
© Police

Den 3. November 2021 géint 16.13 Auer hunn 2 bis ewell Onbekannter ënnert anerem e Laptop, AirPods an eng Jackett aus engem Auto geklaut, deen um Parking vum Casino 2000 stoung.

D’Männer goufen awer vun enger Iwwerwaachungskamera erfaasst. D’Police mellt, dass d’Persounen, déi op de Biller ze gesi sinn, aus dem franséische Grenzgebitt komme kéinten. Wann een d’Persounen erëmerkennt, soll e sech bei der Police vu Réimech a Munneref mellen, dat um (+352) 244 77 1000 oder iwwer Mail op police.remichmondorf@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO