Iwwer 4.900 ËnnerschrëftenPetitioun fir bessere medezineschen Accès gëtt ëffentlech debattéiert

RTL Lëtzebuerg
4.902 Leit haten ënnerschriwwen, fir dass sech den Accès zu der "Imagerie médicale", also IRMen, Scanneren, Mammografien a sou weider, misst verbesseren.
© RTL Archivbild

An der Chamber ass deemno e Mëttwoch de Moien den ëffentlechen Debat iwwert eng weider Petitioun, déi genuch Signatairë beienee krut. Um 10.30 Auer fänkt den Debat un.

Nei Petitiounen online

Zanter en Dënschdeg si weider 14 nei Petitiounen online, déi bis de 17. Abrëll op d’mannst 4.500 Ënnerschrëfte musse beienee kréien.

Ënnert anerem froen d’Petitionären, dass d’Altersgrenz fir e politescht Mandat op 65 Joer soll limitéiert ginn.

Een Elterendeel soll kënne wärend de Schoulvakanze Congé kréien, fir dass d’Kand net an d’Maison relais muss.

Bio-Produite solle méi valoriséiert ginn, e Verbuet vum Verbrennungsmotor vun 2035 un soll net kommen an eng Petitioun hätt gär, dass Vältesdag als gesetzleche Feierdag fixéiert gëtt.

Déi ganz Lëscht fënnt een op petitiounen.lu

Back to Top
CIM LOGO