
“Nee zur obligatorescher Vaccinatioun vu 50 Joer un!” Dat war d’Fuerderung vun enger Petitioun, déi de Seuil vun Ënnerschrëften ereecht hat an dofir e Méindeg an der Chamber ëffentlech debattéiert gouf. Et war awer éischter eng allgemeng Diskussioun iwwert d’Impfung, wéi datt et réng ëm d’Leit iwwer 50 Joer gaangen ass. Dem Petitionär Jean-Marc Graul no misst et dem Individu seng Decisioun bleiwen, ob e sech wëll impfe loossen oder net. Vill Leit hätten Angscht virun der Impfung:
“Et si Leit, déi wëllen net geimpft ginn, dat hu mir ze respektéieren. Mir kënnen an däerfen déi Leit net verdamen an och net stigmatiséieren, déi sech net wëllen impfe loossen oder eng aner Meenung hunn. Mir sinn an enger Demokratie an do ass et och d’Recht, eng eenzel aner Meenung ze hunn. Dat sot de Premier de 5. Mee 2021.”
Op der Säit vum Petitionär souz den Dokter Ochs, dee jo aktuell net exerzéiere kann, well e géint eng ganz Rëtsch Artikele vum Code de déontologie verstouss huet. Hien huet a sengen Aussoen dacks wäit ausgeholl an huet missten drop opmierksam gemaach ginn, fir op d’Froe vun den Deputéierten ze äntweren.
De Moment géif eng Impfflicht net zur Diskussioun stoen, huet d’Justizministesch Sam Tanson betount. Et wier de Moment eng réng theoretesch Diskussioun, géif d’Situatioun sech änneren, géif een och Récksprooch mat der Wëssenschaft huelen, fir ze kucken, ob et opportun a verhältnesméisseg ass. D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet erkläert, datt d’Suerge vun de Leit virun engem Joer gutt ze verstoe waren, d’Positioun haut awer eng méi nuancéiert wier:
“Haut hu mer e breede Konsens, datt wa mer eng Impfflicht aféieren, se muss néideg, effikass an zilféierend sinn. Mir wëssen haut, datt d’Variant, déi zirkuléiert mat der Impfung d’Zirkulatioun net agedämmt gëtt. Mee wat nach ëmmer Fakt ass, ass dat statistesch gesinn déi Leit, déi geimpft sinn, vill manner de Risiko vun engem schwéiere Verlaf hunn.”
Vu Säite vum Petitionär war et d’Ausso, datt d’Spideeler zu kengem Moment vun der Pandemie iwwerlaf gewiescht wieren - wat souwuel eng Partie Deputéiert wéi och d’Gesondheetsministesch net sou am Raum stoe gelooss hunn an drun erënnert hunn, datt d’Spideeler zum Deel un hir Limitte komm sinn.
Datt nach ëmmer Ängschten an der Gesellschaft ze spiere wieren, hunn och eng Partie Deputéiert zouginn, allerdéngs net just wat d’Impfung betrëfft, mee och de Virus selwer, huet zum Beispill d’Nathalie Oberweis vun déi Lénk betount.