
D’Leit kréie vun enger onbekannter Nummer ugeruff an et gëtt gesot, si hätten an der Lescht Kontakt mat enger infizéierter Persoun gehat a misste sech bannen 72 Stonnen teste loossen. Fir een Testkit heemgeschéckt ze kréien, gëtt de Leit hir Adress gefrot a si missten d'Date vun hirer Kreditkaart uginn, fir de Kit mat 50 Euro ze bezuelen.
Dat ass awer just en Trick fir de Leit d'Suen aus der Täsch ze zéien. Et soll een op kee Fall op deen Trick erafalen.