
Där Meenung ass de Serge Wilmes vun der CSV an huet en Dënschdeg de Mëtteg dëse Sujet duerch eng Interpellatioun op den Ordre du jour bruecht.
Den normale PIB, deen de Wirtschaftswuesstem moosst, wier ee Moyen, deen een awer net dierft ausschléissen, mä e géif ee verfälschte Bild molen. Zum enge ginn PIB-Date réischt 4 Joer definitiv, zum aneren hänkt Lëtzebuerg vun der internationaler Konjunktur of. D’Frontaliere sinn een Deel vum Wuesstem, esou de Serge Wilmes. Donieft géif d'Presenz vu Multinationalen hiren Impakt op de PIB hunn.
PIB du Bien-être misst eescht geholl ginn, fuerdert de Serge Wilmes an net nëmmen een abstrakte Sujet bleiwen.
Duerch de PIB du Bien-être kéint de qualitative Wuesstem méi gräifbar sinn. E misst awer vereinfacht ginn, fir him eng nei Gewiichtung ze ginn. Den Ament besteet de Luxembourg Index of Well-Being aus 11 Kategorie mat 63 Indicateuren.
Donieft soll et ee gemeinsaamt Instrument op EU-Niveau ginn, sot op senger Säit den DP-Deputéierten André Bauler. De PIB, deen de Wirtschaftswuesstem, also just de materielle Räichtum moosst, wier ee Moyen, deen een net dierft ausschléissen, mä e géif ee verfälschte Bild molen.