
De Rietsextremist Pierre Peters muss an de Prisong, well hie schonn e puer Mol wéinst Opruff zum Haass verurteelt ginn ass. Elo huet e Geriicht den Pierre Peters an éischter Instanz zu enger Strof vun engem Joer Prisong condamnéiert, dobäi kënnt eng Amende vun 2.000 Euro.
De Parquet hat am Prozess souguer eng Prisongsstrof vun 3 Joer gefrot. All d’Parteie kënne bannent 40 Deeg an Appell goen.