Aus dem Spidol eraus, an elo?Pilotprojet "Out of hospital" soll eelere Leit Zäit ginn

Pierre Jans
Eelere Leit, déi sech no engem Spidolsopenthalt erhuelen, soll den Drock geholl ginn, eng Decisioun mussen ze treffen. De Pilotprojet gouf en Dënschdeg presentéiert vum Familljeminister Max Hahn an der Gesondheetsministesch Martine Deprez.
D'Santésministesch Martine Deprez an de Familljeminister Max Hahn
D'Santésministesch Martine Deprez an de Familljeminister Max Hahn
© Pedro Venâncio

Vum 1. Oktober u kënnen eeler Leit, déi ze fit si fir am Spidol mussen ze bleiwen, awer ze schwaach fir direkt heemzegoen, zwee bis maximal dräi Méint an enger vu véier Strukturen am Land ënnerkommen, fir déi Iwwergangszäit gemittlech ze iwwerbrécken. Wärend der Zäit sollen déi betraffe Persounen sech kënne gutt duerch de Kapp goen loossen, ob et fir si am Altersheem weider goe soll oder awer doheem a wéi eng Upassungen an der Wunneng dofir néideg sinn

36 Better stinn am Ufank zur Verfügung fir dee Projet. D'Altersheemer zu Äischen a Klierf maache mat, grad ewéi Servior zu Nidderkuer an d'Croix-Rouge zu Jonglënster. Fënnef weider Strukture mat am Ganzen 30 weidere Better hu schonn Demandë gemaach, fir beim Pilotprojet matzemaachen, esou de Max Hahn.

Eng Persoun, déi vum Patient zum Resident an esou enger Struktur gëtt, bezilt selwer héchstens 75 Euro den Dag. De Rescht vun de Käschte gëtt iwwer de Budget vun "Out of hospital" bezuelt. Dat sinn 3,2 Milliounen Euro d'Joer.

Enn 2029 soll evaluéiert ginn. Ma d'Ministere kënne sech net virstellen, dass de Projet kee Succès gëtt.

Back to Top
CIM LOGO