"Alpha - Zesumme Wuessen"Pilotprojet vun der Alphabetiséierung op Franséisch dréit seng Friichten

Annick Goerens
En 1. virleefege Bilan ass ganz positiv. Et geet ëm de Pilotprojet "Alpha - Zesumme Wuessen" fir eng Alphabetiséierung entweder op Franséisch oder Däitsch.
Pilotprojet vun der Alphabetiséierung op Franséisch dréit seng Friichten
En 1. virleefege Bilan ass ganz positiv. Et geet ëm de Pilotprojet “Alpha - Zesumme Wuessen” fir eng Alphabetiséierung entweder op Franséisch oder Däitsch.

Dëse Projet gouf am Mäerz 2022 a 4 verschiddene Grondschoule lancéiert.

Wéi kann een dofir suergen, dass d’Kanner de méiglechst beschte Start an hiert Schoulliewe kréien? D’Äntwert dorop soll de Pilotprojet Alpha ginn, erkläert de Luc Weis vum Script, dem Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques.

“Eng vun de Stellschrauwen ass déi, dass mer gesinn hunn, dass d’Kanner an de Sprooche ganz vill Schwieregkeeten hunn an dofir hu mer eis iwwerluecht, dass mer um Ufank vum Schoul-Parcours de Kanner d’Méiglechkeet ginn, entweder op Däitsch oder op Franséisch alphabetiséiert ze ginn. Dat heescht, dass d’Eltere wärend der Spillschoul-Zäit, also am Cycle 1, wéi mer dat haut nennen, d’Méiglechkeet hu sech z’iwwerleeën oder sech mat den Enseignanten auszetauschen, fir ze kucken, wou si am meeschte Chancë gesinn, fir hir Kanner fir duerno hir Schoul weiderzemaachen.”

D’Klasse ginn also weiderhin fir all d’Fächer zesummen enseignéiert, ausser an de Sproochen an an der Mathé gi se opgedeelt. An no 2 Joer dréit de Projet seng Friichten, erkläert Sonja Ugen, Directrice vum Lucet (Luxembourg Centre for Educational Testing) vun der Uni Lëtzebuerg.

“Insgesamt gesäit een, dass all d’Schüler am Cycle 2.1 [also am 1. Schouljoer, ndlr] nach ëmmer héich motivéiert sinn an d’Schoul ze goen a gären léieren. Wat awer besonnesch ervirstécht ass, dass déi Kanner aus dem Grupp, déi op Franséisch alphabetiséiert ginn, aussoen, si hätte vill Freed um Liesen. Liesen an hirer Alphabetiséierungssprooch Franséisch.”

Déi Kanner déi op Franséisch alphabetiséiert goufen, hunn och besser ofgeschnidde wéi déi Schüler am Vergläichsgrupp. A grad fir Kanner mat engem frankophonen oder lusophone [Portugiseschsproocheg, ndlr.] Background, géing dat Sënn maachen. D’Nelly Stein Schoul zu Schëffleng ass eng vu 4, wou de Pilotprojet scho leeft an deen huet eng Rei Virdeeler, erkläert den Direkter Philippe Kloos.

“Also et ginn der sécher méi. Een ass deen, dass mer jo elo déi éischt Schüler duerch dat 1. an 2. Schouljoer also duerch de ,Cycle 2 duerch hunn. An dann ass jo ëmmer d’Fro vun den Allongementer, wat mer fréier Redoublementer genannt hunn. An déi Zuel, déi konnte mer an där Kohort, déi mer elo schonn duerch de Cycle 2 bruecht hunn, erofschrauwen.”

Och den Decrochage scolaire géing ofhuelen, well d’Sproochebarrière géing ofgebaut ginn an d’Kanner sech nees méi mat de Fächer kéinten identifizéieren, well si se besser verstinn. Ee “Stolpersteen” manner am Ufank vum Parcours vun de Kanner, begréisst den Direkter Philippe Kloos.

Back to Top
CIM LOGO