Desinformatioun a PropagandaPiraten-Tresorière duerch dubiéis Twitter-Likes opgefall

RTL Lëtzebuerg
Nodeems d'Lucie Kunakova schonn desinformativ Tweeten zum Coronavirus gedeelt huet, huet si elo Propaganda-Tweeten zum Ukrain-Russland-Krich geliked.
© Screenshot vun Twitter

Op Twitter si Fotoen opgedaucht, an deenen d’Tresorière vun de Piraten, d’Lucie Kunakova, Fotoe geliked huet, déi Falschinformatioune verbreeden. Dozou gehéiert eng manipuléiert Foto, déi den ukrainesche President Selenskyj weisen, wou hien en Trikot mat engem Hakekräiz drop an der Hand hält.

© Screenshot vun Twitter

D’AFP huet schonn an engem Faktencheck op Englesch déi manipuléiert Foto vum President Selenskyj opgegraff.

Och scho virum Krich an der Ukrain huet d’Lucie Kunakova Falschinformatiounen am Internet gedeelt. Verbreet huet si zum Beispill Tweeten, déi a Richtung Corona-Verschwörunge ginn.

En Twitter-User huet op dës Aktioune vu der Piratin higewisen. En aneren Twitter-Notzer huet doropshin eng Reaktioun vun der Piratepartei gefuerdert.

Op Nofro hin huet de Sven Clement erkläert, dass Gremie mat dëser Affär befaasst sinn. De Récktrëtt vum Lucie Kunakova gouf awer elo net gefuerdert, well si souwisou schonn ugekënnegt hat, net wëllen als Tresorière virunzemaachen. Dowéinst géif aktuell och en Vize-Tresorier ugeléiert ginn. Hätt d’Lucie Kunakova hire Récktrëtt net schonn ugekënnegt, wier dëse vun der Partei awer gefuerdert ginn an erfuerderlech gewiescht, präziséiert de Sven Clement.

Fir de Sven Clement ass och kloer, dass d’Piratepartei net déi selwecht Iddien deelt, wéi déi aktuell Tresorière Lucie Kunakova. Esou Desinformatiounen ze verbreeden, wier inakzeptabel, an awer misst ee net wéinst all Like eng Hexejuegd lancéieren, sou den Deputéierten.

D’Lucie Kunakova iwwerdeems huet hiren Twitter-Account geläscht.

Op RTL Today: AFP Fact Check - Altered photo shows Ukrainian president holding jersey with swastika

Back to Top
CIM LOGO