Circuitfoil zu Wolz"Plan maintien dans l'emploi" tëscht Direktioun a Gewerkschaft ënnerschriwwen

RTL Lëtzebuerg
Ee Sozialplang hätt kéinten evitéiert ginn, heescht et am Schreiwes

Viru genau engem Mount war et d‘Annonce vun der Wëlzer Firma, dass ee wëlles hätt, 30 Aarbechtsplazen ofzebauen. De Sozialplang kann elo evitéiert ginn, esou dass kee Mataarbechter virun d‘Dier gesat gëtt. Et gouf sech op eng Rei Mesurë gëeenegt, dorënner d‘Optioun vun der Prepensioun, d‘Méiglechkeet fräiwëlleg an den Temps partiel ze wiesselen an deels soll och op d‘Kuerzaarbecht zeréckgegraff ginn. Dëse Plan de maintien dans l‘emploi gëllt fir 6 Méint.

Back to Top
CIM LOGO