Dat confirméiert den zoustännege Minister François Bausch op eng parlamentaresch Fro vu sengem Parteikolleg a Stater Conseiller François Benoy.
Dës Fro hat och fir eng lieweg Facebook-Diskussioun tëscht de Conseillere Benoy a Patrick Goldschmidt gesuergt, wou den DP-Schäffen d’Accusatioune vum François Benoy net onkommentéiert gelooss huet.
De François Benoy hat gepost:
D’Place de la Constitution - eng Plaz, déi souvill méi kéint sinn, ewéi vrun allem e Parking: Raum fir sech ze begéinen, ze chillen, Terrassen, kreativ Zweschenotzung... no mengen Interventiounen dozou am Stater Gemengerot hunn ech lo och eng Fro un de Ressortminister dozou gestallt:
An de Patrick Goldschmidt hat geäntwert:
D’Servicer vun der Gemeng an dem Staat hunn et net néideg sech Lektioune vun déi Gréng, an dësem Fall dem Här Benoy, erdeelen ze loossen. Besonnesch well déi Gréng selwer 12 Joer um Knuedler mat an der Verantwortung waren an et eigentlech besser misste wëssen.
An Zukunft sollen also d’Parkingen an d’Busse bei der Gëlle Fra verschwannen, nodeems d’Parkingen Hamilius a Knuedler nei amenagéiert gi sinn.
Et wier och geplangt, d’Plaz bei der Gëlle Fra mat engem Lift mam Dall vun der Péitruss ze verbannen; woubäi de Lift géif vun der Stad Lëtzebuerg finanzéiert ginn. Datt esou e Lift geplangt ass, confirméiert och de Minister Bausch.
Nächste Schrëtt vum neien Amenagement vun der Place de la Constitution: En Architekte-Concours gëtt lancéiert, fir d’historesch Plaz de Foussgänger zeréckzeginn an net den Autoen an de Bussen ze loossen.
Bis Enn vum Joer soll dee Concours ofgeschloss sinn an déi nei Pläng virleien - d’Plaz gehéiert iwwregens net der Stater Gemeng, mä dem Staat.