
Dat confirméiert de Policeminister an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de bloen Deputéierte Claude Lamberty a Carole Hartmann. Si wollte vum Minister wëssen, wéi hien op den Opruff reagéiert, dass nächste Weekend soll viru Spideeler demonstréiert ginn. De Minister seet dozou just, dass nach keng Maniff ugemellt ginn wier, an dass all net-ugemellte Maniff déi ausserhalb vum virgeschriwwenen Sécherheetsperimeter géing gemaach ginn, géint e Gemengereglement géing verstoussen. Wat dat elo konkret heescht a wéi soll mat dëse Maniffen ëmgaangen ginn, wa se da virun de Spideeler organiséiert ginn, dozou huet de Minister näischt gesot.
De Minister huet allgemeng éischter verhalen, respektiv guer net op d’Froe vun den zwee Deputéiert geäntwert.
Op d’Fro, op wäert assuréiert ginn, dass den Accès zum Spidol fir Patienten a Rettungsdéngschter zu all Ament garantéiert bleift, sot den Henri Kox just, dass déi éischt Prioritéit vun der Police wier, dass kee soll zu Schued kommen.