Campagne "Speed"Police constatéiert 620 Infraktioune bei 1.060 Vitesskontrollen

RTL Lëtzebuerg
Vum 13. bis den 19. Abrëll huet d'Police am Kader vun der Campagne "Speed" Vitesskontrollen am ganze Land duerchgefouert.

Eng 1.060 Kontrolle goufe gemaach, dobäi si 620 Infraktioune festgestallt ginn. Wéinst ze héijer Vitess goufen och 17 Mol Permisen nach op der Plaz agezunn. Och déi fix a mobil Radaren hunn uechter d’Land wärend dëser Period dacks geknippst, dat insgesamt 6.950 Mol.

Och am Kader vum “Speedmarathon 2026" de 15. Abrëll hat d’Police verstäerkt Verkéierskontrollen duerchgefouert. Méi Detailer dozou fannt Dir hei:

Back to Top
CIM LOGO