Bilan vum "Speedmarathon 2026"Mobil Radaren hunn 2.231 Mol bannent 24 Stonne geblëtzt, 5 Permisen agezunn

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch war de grousse "Speedmarathon 2026", bei deem d'Police uechter d'Land d'Vitess op de Stroosse kontrolléiert huet. Virun allem déi mobil Radare sinn dobäi op Héichtoure gelaf.
© Police Lëtzebuerg

E Mëttwoch gouf am Kader vum sougenannte “Speedmarathon 2026" vun der Police op ville Plazen uechter d’Land d’Vitess kontrolléiert. Fir genau ze sinn, waren et am Ganzen 288 verschidde Vitesskontrollen. Dobäi goufen 300 Protokoller geschriwwen, dovunner 166 Mol an Héicht vun 49 Euro an 134 Mol vun 145 Euro plus zwee Punkten. Donieft goufe fënnef Permisen nach op der Plaz wéinst exzessiver Vitess agezunn, zwee weiderer wéinst dem Fueren ënner Alkoholafloss.

Och d’Radare sinn deen Dag op Héichtoure gelaf. Nieft de fixe Radaren, déi 406 Mol wéinst ze héijer Vitess ausgeléist goufen, hunn déi zousätzlech mobil Radare bannent de 24 Stonnen am Ganzen 2.231 Mol geblëtzt.

Artikel vum 15. Abrëll 2026

Back to Top
CIM LOGO