
D'Policebeamten hunn d'Männer op de Marihuana-Geroch ugeschwat, wouropshin de Bäifuerer eng kleng Tut mat Drogen der Police ginn huet.
Bei der Kontroll vum Gefier hunn d'Beamten e Rucksak vum Bäifuerer fonnt an dësem waren zwou grouss Tute Marihuana mat engem Gewiicht vun iwwer 1000 Gramm.
Een Droge-Schnelltest beim Chauffeur ass positiv verlaf. Deemno gouf méi spéit nach eng Bluttprouf an der Klinick geholl.
Wéinst der Decouverte vun den Droge gouf de Parquet informéiert. D'Drogen, e puer Handyen an den Auto goufe beschlagnaamt.