
Dobäi ass et awer net bliwwen, well bei der Kontroll bei engem vun de Männer am Ganzen 19 Titercher mat Haschisch séchergestallt konnte ginn. Dëst war Grond genuch fir de Parquet z’informéieren, deen dann och bei der betraffener Persoun eng Hausduerchsuchung ordonéiert huet.
Hei goufen dann Drogenutensilien, e puer Handyen an iwwert e Kilo Haschisch séchergestallt. De Parquet huet ordonéiert, fir all dës Saachen ze confisquéieren an de Mann festzehuelen.
Nodeems hie e Samschdeg de Moie beim Untersuchungsriichter passéiert war, goung et fir hien an Untersuchungshaft.