
D’Police konnt de Besëtzer vum Rucksak ermëttelen. Nieft de 500 Gramm Haschisch, déi am Rucksak waren, hunn d’Beamte bei der Kontroll vum Mann a vu sengem Auto nach emol ronn 200 Gramm Haschisch, eng gréisser Zomm Boergeld an dräi Handye fonnt.
D’Drogen, d’Handyen an d’Boergeld goufe saiséiert an de Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl. E Samschdeg de Moie gouf hien dem Untersuchungsriichter virgefouert. Duerno koum hien an Untersuchungshaft op Schraasseg.